Europapark

E jonkt Meedchen huet en Ticket fir an den Europapark gewonn an eis dëse fir e Wonsch zur Verfügung gestallt.

Doropshin hu mir 3 weider Ticketen kaf an 2 sozial benodeelegt Famillen en Trip op Rust organiseiert. Nodeems den initialen Organisateur den Ausfluch kurzfristig annuleiert huet well leider net genuch Läit ugemellt waren, sinn déi 2 Mammen mat hiren 2 Meedcher mam Minibus an de Park gefuer.

Si konnte sech alleguer wonnerbar amüséieren an hu vun engem flotten Dag am Europapark profiteiert.

E grousse Merci un dat Meedchen dat eis säin Ticket geschenkt huet an un eis vill Donateuren déi mat hiren Don’en déi weider Ticketen a Fraisen vun dëser Aventure iwwerholl hunn.