CDM 2

E weidere Wonsch vum CDM

Virun enger Zäit hu mir Iech vun engem Wonsch vum Centre pour le développement moteur erzielt, wou mir si bei hiren Aktivitéiten bei der De Leederwon a.s.b.l ënnerstëtzt hunn.

Dobäi ass et awer net eleng bliwwen an no enger Ufro vun der Ekipp vun den Orthophonisten hu mir hinne gehollef eng ganz Rei vun Materialien ze finanzéieren. Mat dëse verschiddenen Artikele ass et hinne méiglech an hirer Schoul mat de betreite Kanner ze schaffen an esou all eenzel Kand op eng spilleresch Aart a Weis weider ze bréngen.

Mir wënschen der ganzer Ekipp an hire Kanner ganz vill Spaass mam neie Material an natierlech sou vill wéi méiglech Fortschrëtter.

E grousse Merci u jiddereen deen dëse Projet ënnerstëtzt huet.