Liam

De Liam en 6 järegen autistesche Jong huet sech en Hond als Kolleeg gewënscht fir spadséieren ze goen. Well de Propriétaire vum Haus wou de Liam wunnt leider keen Hond erlaabt, huet dem Liam seng Mamm sech Gedanke gemaache. No e bësse Recherche huet si eraus fonnt, dass Maine Coon Katzen e flotten Ersatz fir en Hond wär. Dës Katzerass huet speziell Charakteristiken déi ideal fir dem Liam seng spezifesch Besoinen sinn an et him erméiglechen souguer mat hir spadséieren ze goen.

Esou huet dem Liam seng Mamm eis eng Ufro geschéckt an eis dem Liam seng Geschicht erkläert. Doropshin hu mir eis entscheet dem Liam säi Wonsch ze erfëllen an den 2. Abrëll ass de King hei zu Lëtzebuerg op d’Welt komm.

Säit e puer Wochen ass de King elo beim Liam Doheem an déi zwee versti sech vun Dag zu Dag ëmmer besser.

Mir wënschen dem Liam vill Spaass mat sengem neie Kolleeg a soe jidderengem villmools Merci deen dëse Wonsch ënnerstëtzt huet.