Morgane a Lara

Zesummen hu sech d’Lara an d’Morgane mat hiren Elteren mam Fliger op de Wee an d’Tierkei gemaach. Ee mol dohannen gelant sinn si direkt a Richtung Zil wieder gefuer. Wouhin ass d’Rees gaangen? Déi zwee waren 10 Deeg laang am Delfintherapiezentrum op Besuch, wou si nieft villen aneren Aktivitéiten, konnte mat Delfinen schwammen.

Nodeems d’Lara (Angelmann Syndrom) 2022 schonns an der Delfintherapie war a seng Famill gutt Progrèsen a senger Motorik festgestallt huet, hu mir dem Lara des Joer nach emol 1 Therapie erméiglecht. D’Coachen hunn och weider signifikant Verbesserungen beim Lara festgestallt, säitdeem leschte Joer, sou dass dës Therapie nach méi zum Lara sengem Wuelbefannen bäidréit.

D’Morgane huet 14 Joer a bei him gouf schwéieren Autismus diagnostizéiert. Seng Elteren hunn dem Lara seng Verbesserungen gesinn an doropshin eis kontaktéiert a gefrot fir hirem Meedchen och 1 Therapie mat Delfinen ze erméiglechen. Do ware mir natierlech direkt bereet dem Morgane och dës Méiglechkeet ze ginn. 

Béid Meedercher hu sech déi ganz Deeg immens gutt ugestrengt a sech mat den Delfinen ameséiert. Och fir d’ganz Famill war dësen Ausflug eng flott Geleeënheet e puer schéin Deeg zesummen ze verbréngen.

Gemeinsam mam Lara a Morgane an hiren Elteren soe mir iech alleguer Merci déi hinnen dës flott Aventure erméiglecht hunn.