Rollstullrugby 2023

Och déi 8. Editioun vum Wheelchair Rubgy de Weekend zu Contern war e flott Erliefnis fir Grouss a Kleng. Am ganze 5 Ekippe mat ronn 40 Rollstullsportler aus Holland, Däitschland a Lëtzebuerg hu sech iwwer zwee Deeg duelléiert an hir bescht Leeschtung op den Terrain bruecht. Vill Pneuen hu misse gewiesselt ginn well deen een oder aneren gutt aneneen geknuppt sinn.

Zum Schluss hu sech d’Agivia Sharks am beschten duerchgesaat a konnte sech esou zum Gewënner vun dësem Joer kréinen.

Och eis war et eng grouss Freed erem mat dobäi ze sinn a mir soe jidderengem Merci dee mat sengem Don oder Bénévoll gehollef huet, dass dësen Tournoi och des Kéier erem e Succès gëtt.

Mir freeën eis elo schonn op nächst Joer an déi 9. Editioun!