Famille K.

Eng Famill op der Sich no engem neien a sécheren Doheem. 

D’ Associatioun ALAN huet eis kontaktéiert an op déi speziell Situatioun vun enger Famill aus dem Kongo, déi a Lëtzebuerg Sécherheet an hir Zukunft sicht, opmierksam gemaach.

Dës Famill war op hirem Wee an de ganze Jore mat immens vill ongeplangten administrativen, juristeschen a politeschen Decisiounen a Problemer wat hiren Openthalt ugeet konfrontéiert. 

Niewent dëser ganzer Ongewëssheet mam Openthalt an dem andauernden onfräiwëllegen Hin an Hier tëschent Lëtzebuerg an Italien koum dann och d’Gebuert vun hiren zwee Jongen an der schwéierer seelener Krankheet vum Zweetgebuerenen dobäi. 

Doduerch sinn d’Problemer vun der Famill net méi kleng ginn. Déi onsécher Wunnengssituatioun an hire Loyer hei zu Lëtzebuerg dee se aus alldeeglecher Onsécherheet net kënnege konnten hat och op d’finanziell Situatioun e groussen negativen Impakt an huet Famill mat enger grousser Laascht zréckgelooss.

Well dës Famill awer säit enger Zäit endlech eng Openthaltsgeneemegung huet a wärend hirem Openthalt hei zu Lëtzebuerg ëmmer erëm gewisen huet, dass si Motivatioun hunn an hir Zukunft duerch aktiv Bedeelegung selwer gestalten an erschaffe wëllen sou et hinne och méiglech ass, huet d’Fondatioun Wonschstär hinnen gehollef hir finanziell Situatioun opzebesseren, mam Zil dass si trotz all den Schwieregkeeten an der Vergaangenheet erëm selwer op de Been stoe kënnen.