Steve

D’Philosophie vum gléckleche Patient!

De Steve ass säit e puer Joer un Multiple Sklerosis erkrankt. Seng Been packen hien net méi richteg, hien huet reegelméisseg Réckschléi, et ass him oft schwindeleg an hien huet reegelméisseg de Kapp wéi. Awer trotz senger schlechter kierperlecher Verfassung a sengem prekären Gesondheetszoustand huet hien Ziler! Ziler déi et him erméiglechen, seng Hindernisser an ënnerlech Stäerkt a seng kierperlech Zerbriechlechkeet a moralesch Stäerkt ëmzewandelen.

Seng grouss Erausfuerderung: mat engem ugepasstem Vëlo Sport ze bedreiwen an aktiv, och mat Mënschen ouni Behënnerung, u Sportveranstaltungen deel ze huelen. Mat Hëllef vu B2Sport, engem perséinleche Crowdfunding an der deelweis finanzieller Ënnerstëtzung vun der Fondatioun Wonschstär war et dem Steve méiglech säin u seng Bedierfnisser adaptéierte HP Dräirad entgéint ze huelen.

E grousse MERCI un eis SPONSOREN, de XAVIER vu B2Sports, de LUCIANO vun LFP MOBILITY an un all déi gehollef hunn, des Persoun mat ageschränkter Mobilitéit, glécklech ze maachen!