News
Nodeems d’Famill vum Max sech entscheed huet de Velo u seng Schoulkameroden am CDM weider ze ginn an dësen esou vill Freed bei de Kanner ausgeléist huet, hu mir eis entscheed dem CDM e weidere op Rollstill adaptéierte Velo ze schenken.
Dëst erlabt de Kanner zukünfteg zu zwee gemeinsam vun dëser flotter Aktivitéit ze profitéieren an deen een oder aneren Tour mat hiren Encadranten ze dréihen.
Zesumme mat de Kanner wëlle mir all eisen Donateuren Merci soen déi eis erlabt hunn dëse Projet ze realiséieren. Dobäi geet e ganz besonnesch grousse Merci un BAVI (bons amis du vendredi) an un de Lycée Robert Schumann déi dëse Wonsch jeweils mat engem ganz schéinen Don ënnerstëtzt hunn.
#wonschstär #wonschstaer #wonsch
... See MoreSee Less
- Likes: 83
- Shares: 54
- Comments: 14
Wow très bien avec ma fille 
Supper
Ouiii
❤️❤️❤️
👏👏👍🏻
Anais Panda , Claire Kneip Schroeder , Sanella Andreos , vous reconnaissez quelqu'un ? 🤫😉
D’Klassendelegéiert vun de Kopstal Schoulen hunn eis d’lescht Woch mat enger Scheckiwwerreechung am Wert vun 3.265€ verwinnt. Dësen Erléis konnte si am Kader vun hirem Chrëschtmaart lescht Joer sammelen.
Mir wäerte dësen Don zukünfteg benotze fir engem Kand mat schwéierem Autismus eng Delfintherapie ze erméiglechen.
E grousse Merci geet un all d’Schüler an d’Schoulpersonal déi sech bei dëser Aktioun souvill vill Méih gemaach hunn.
💕💕💕
#wonschstär #wonschstaer #wonsch #dons
... See MoreSee Less

Am Kader vun hirer Generalversammlung hunn d’Noperschaftschaoten vu Waasserbëlleg eis bei sech op d’Musel invitéiert. Dobäi gouffe mir vun hinnen mat engem flotte kulinareschen Owend verwinnt an mir duerften e wonnerbare Cadeau a Form vun engem Scheck vun 2.000€ mat op den Heemwee huelen.
Mir soen all den NoperschaftsChaoten villmools Merci fir dës schéin Ennerstëtzung an
💕💕💕
#wonschstär #wonschstaer #wonsch #dons
... See MoreSee Less

D‘Tania huet eis kontaktéiert an eis vun sengem Wonsch erzielt en Assistenzhond ze kréien. Am jonken Alter vu 27 Joer huet hatt mat engem AVC en éischte schwéiere Schicksalsschlag krut.
No dësem Moment huet sech säi Liewen sou wéi och dat vun senger ganzer Famill op tragesch Aart a Weis enorm verännert. Mëttlerweil ass d’Tania Mamm vu 5 Kanner wat dat ganzt natierlech a ville Situatioun net méi einfach mëscht.
Onglécklecherweis ass et beim Tania awer net bei engem Schicksalsschlag bliwwen an hatt ass och nach un enger degenerativer Krankheet erkrankt. Aus dësem Grond huet säi Mann virun net all ze laanger Zäit säin Job gekënnegt mam Zil sech voll a ganz em seng Fra ze këmmeren.
No all deene Réckschléi well d'Tania weider kämpfen a seng Famill entlaaschte wou et nëmme kann. An elo kënnt och säi Wonsch den Assistenzhond an d‘Spill, deen him op sengem weidere Wee am Alldag eng nëtzlech Hëllef soll sinn. Dohier huet hatt de Wonschstär gefrot ob et eng Méiglechkeet géing ginn sengem Hond Abby esou eng Ausbildung als Assistenzhond ze finanzéieren.
Méi wéi gäre si mir dem Tania entgéint komm fir him säi Wonsch ze erfëllen. Mat der Associatioun Helping Paws hu mir och de richtege Partner fonnt fir dës Missioun unzegoen a säit enger Zäitchen ass d‘Abby am Training a léiert wéi et d’Tania am Alldag am beschte kann ënnerstëtzen.
Mir soe jidderengem Villmools Merci deen dem Tania säi Wonsch ënnerstëtzt.
#wonschstär #wonschstaer #wonsch
... See MoreSee Less




Tania du bass sou en wonnerbaren Mënsch ❤️ deen dat do alles net verdéngt huet! Wei mir eis lescht Joer no sou villen Joren erëmgesinn hunn an du mir dat alles erzielt hues, war mäin Dag gelaf an ech konnt déi ganz Ongerechtegkeet einfach net verstoen! Dofir sinn ech ëmsou frou dat hei ze liesen. 🍀 Ech hunn risegen Respekt virun dir an bewonneren deng Kraaft! 👏
Wéi leeft déi Ausbildung of a kritt een Medaille vum Ministère?
Dem Tania Courage a vill freed mam Mupp deen hier bestëmmt eng grouss hëlllef wāert sin ❤️❤️
❤️
Dat si Wënsch déi richtig vill a lang nowierken. Dem Tania an der ganzer Famill vill Freed mam Mupp a vill Courage fir d'Zukunft
Maacht mat beim Run & BBQ vum Fitness JUST MOVE de Sonndeg 7. Mee.
Sidd als Leefer mat dobäi oder hellëft als Bénévole mat unzepacken fir dëse flotten Event ze erméiglechen.
Fir mat dobäi ze sinn schreiwt iech elo an op justmovestaff@gmail.com.
Den integrale Bénéfice kënnt dem Wonschstär a senge flotte Projeten ze gutt!
Zesumme mam Fitness JUST MOVE soe mir Iech am viraus villmools Merci fir är Ennerstëtzung.
Mir freeën eis op Iech!
... See MoreSee Less
This content isn't available right now
When this happens, it's usually because the owner only shared it with a small group of people, changed who can see it or it's been deleted.Contact
In case you wish to contact us, you can give us a call or leave your message here. We love to answer all further questions. If you may be interested to lend us a hand during the different events we organise, you can simply write us here too.
We are always looking to work with other organisations and people so feel free to leave us a few words.