Leschte Weekend duerfte mir erëm allerlee Oldtimer op der 4. Editioun vun eisem Wonschstär Vintagetreff zu Remerschen an der Caves du Sud begréissen.
Nodeems et Samschdes e bësse méi roueg war, hate mir Sonndes eng gutt Unzuel un Autoen. Déi vill Visiteuren haten also genuch ze kucken an zesumme mat all de Participanten d’Méiglechkeet , deen een oder anere Cadeau an eiser flotter Tombola ze gewannen.
Mir wëllen nach emol jidderengem Merci soen deen eis gehollef huet dës Veranstaltung ze organiséieren. Sief dat déi vill Benevollen, eis grouss Unzuel u Sponsoren op eisen Affichen asw., d’Sponsore vun de Cadeaue fir eis Tombola souwéi eis eenzel Fournisseuren déi eis eng Remise gemaach hunn. Jiddereen huet säi Stéck dozou bäigedroe fir dass dësen Event en Erfolleg gëtt.
E besonnesche Merci geet un Petrymobil fir hire grousse Sponsoring, d’Vinsmoselle fir d’Mise à disposition vun der Plaz an un d’Neo Plan asbl an hir Frënn, déi sech praktesch déi zwee Deeg em alles gekëmmert hunn a mat deene mir, wéi am Virfeld ofgemaach, den Erléis vum Event deele wäerten.
#wonschstär #wonschstaer #wonsch #merci #event #vintagetreff #oldtimer #luxembourg
#lëtzebuerg
... Mehr sehenWeniger sehen
0 KommentareComment on Facebook