Nouvelles

Comments Box SVG iconsUsed for the like, share, comment, and reaction icons
2 days ago

Mat grousser Freed presentéiere mir iech d’ Wonschstär Singers. E Grupp vu 39 lëtzebuerger Musiker, déi sech zesumme gedo hunn an e wonnerschéint Lidd opgeholl hunn.

Kukt Iech dëse Video un a lauschtert hiert Lidd « No more time for war and crime ».

Dir kënnt Iech dëse Song och zu all Moment op deene grousse Platforme wéi iTunes, Spotify etc. eroflueden!

E ganz grousse Merci u jiddereen dee bei dësem flotte Projet deel geholl an de Message ënnerstëtzt huet.

Mir freeën eis iwwer jiddereen deen dëse Video deelt a liked. Merci!
... See MoreSee Less

Comment on Facebook

4 days ago

No eisem Chrëschtmaart de Weekend sinn nach déi eng oder aner flott Dekoratiounen déi op en neie Besëtzer waarden. Wann eppes dobäi ass wat Iech gefällt, da schreiwt eis! ... See MoreSee Less

Comment on Facebook

Beautiful,am putting up my tree this weekend. Always in time for Julia's birthday, can you believe she is 40!

7 days ago

Mir invitéieren iech dese Weekend ganz haerzlech op eise Chrëschtmaart an eisem Siège 101, route de Diekirch L-7220 Walfer.

Freides, 26. November: 16-20h
Samschdes, 27. November: 10-18h
Sonndes, 28. November: 10-18h
Mir freeën eis op äre Besuch.

Mir soen Iech Merci fir déi aussergewéinlech Ënnerstëtzung a wënschen Iech an ärer Famill an äre Frënn weiderhin eng gutt Gesondheet.
... See MoreSee Less

Mir invitéieren iech dese Weekend ganz haerzlech op eise Chrëschtmaart an eisem Siège 101, route de Diekirch L-7220 Walfer.

Freides, 26. November: 16-20h
Samschdes, 27. November: 10-18h
Sonndes, 28. November: 10-18h
Mir freeën eis op äre Besuch.

Mir soen Iech Merci fir déi aussergewéinlech Ënnerstëtzung a wënschen Iech an ärer Famill an äre Frënn weiderhin eng gutt Gesondheet.

Comment on Facebook

Top 👍👍👍👍👍

Renee Sonntag 🤗

2 weeks ago

De Melvyn ass virun 12 Joer mat enger Agenesie vermienne op d’Welt komm. Dëst ass eng rare Krankheet, déi eng ganz Rei schwéier Beschränkungen mat sech dréit, wéi een groussen Entwécklungsdefizit vun der Motorik. Dëse Retard ass fir de Melvyn a seng Famill am Alldag eng relativ grouss a permanent Erausfuerderung.

Mir goufe vum Melvyn senger Mam ugeschriwwen well Si sech gemeinsam mat hirem Jong e grousst Zil gesat hunn - De Melvyn soll schwamme léieren. Mir fannen dat eng formidabel Aktioun a si frou de Melvyn bei senger Missioun ënnerstëtzen ze kennen. Esou hu mir hien bei sengen éischte Schwammstonnen zu Housen an der Schwemm begleet. Hie mëscht och richteg Fortschrëtter a konnt schonn e puer Längten am Baséng hannert sech bréngen an et kommen der hoffentlech nach sou muncher dobäi.

Mir wëllen op dësem Wee profitéieren an dem Schwammmeeschter Merci soe fir déi grouss Motivatioun an Zäit déi et an Usproch hëlt dem Melvyn d’Schwamme bäizebréngen.
#wonschstär #wonsch #wonschstaer #aquanatour #aquanatourhosingen
... See MoreSee Less

Comment on Facebook

Dat fannen ech mol eng genial Saach.Super fir de Melvyn.All Respekt fir iech all.

Super

View more comments

Load more

Contact

Au cas où vous désirez nous contacter, n' hésitez pas à nous écrire!
Envoyez-nous un message en remplissant le formulaire ci-dessous. Nous attendons votre message avec impatience.

RGPD