Tristan

Den Tristan ass e 7 jährege Jong deen un enger schlëmmer genetesch Krankheet erkrankt ass. Eng vun den negativen Aspekter vun dëser Krankheet ass, dass hien d’Kraaft vun engem 7 jährigen awer di mental Kapazitéit vun 1 Bebe huet.

Dofir huet seng Famill sech gewënscht him eng ganz speziell Wand e sougenannt “Busy Board” ze organiséieren, wou den Tristan seng motoresch a mental Fähegkeeten entwéckelen kann.

Well d’Famill no villem sichen näischt passendes fonnt huet, hu si sech entschloss esou eng Spillwand baue ze loossen.

Mir hunn eis dou op d’Sich no engem adequaten Partner gemaach, deen der Famill bei der Entwécklung an Hirstellung hëllëfe kann. Mat der Schräinerei MOMA vu Bissen hu mir dou genau dee richtege Partner fir dëse Projet fonnt.

Säit kuerzem huet den Tristan och seng Spillwand a mir wënschen him ganz vill Spaass beim spillen.

Zesumme mam Tristan a senger Famill soe mir der Schräinerei MOMA villmools Merci fir déi fantastesch Aarbecht déi si geleescht hunn, sou wéi all eisen Donateueren déi dëse Projet ënnerstëtzt hunn.