Ajla

D’Ajla huet 18 Joer a leit ënnert dem Rhett Syndrom. Duerch dës Erkrankung brauch hatt fir alles am Alldag eng Hëllef vun engem dretten. Souguer d’Schwätzen ass fir hatt leider net méiglech an erschwéiert d’Kommunizéieren fir hatt enorm.

Bis viru kuerzem konnt hatt bis seng 18 Joer an d’Schoul am Centre pour le développement moteur zu Strossen goen wou eng Camera oculaire disponibel war. Domat war et him méiglech mat sengem Emfeld ze kommunizéieren.

Elo as d’Ajla am Tricentenaire a mir si gefroot ginn ob mir him kéinten esou e Computer erméiglechen, sou dass hat och do nët ausgeschloss ass.

Dëst ass de Moment wou mir als Wonschstär an d’Spill kommen sinn. Virun e puer Méint ass de jonke Cyclist Luca (alias LetzOnBike) ob eis zou komm fir e Projet ze ennerstëtzen. Hien ass dou duerch Europa geradelt (iwer 4.600km) an huet Suen gesammelt. Mir hunn him dou ugebueden dem Ajla säi Computer mat ze finanzéieren. Mat sengem Charity Tour konnt hien déi schéin Zomm vun 2000€ sammelen.

Zesumme mam Ajla soe mir dem Luca villmools Merci fir säin enormt Engagement an déi genial Camera.