Eric

Den Eric ass leidenschaftleche Hobby Photograf an deemno emmer op der Sich no engem flotte Motiv fir viru seng Lëns. Trotz senger schwéierer rarer degenerativer Krankheet léisst hien sech net kleng kréien a liewt fir seng Passioun. 

Et gouf eppes wat hien sech scho ganz laang wënscht, emol d’Brunftzeit vun den Hirschen materliewen an e puer Fotoen vun dëse wonnerschéinen Déiere maachen!
Bei esou engem schéine Wonsch kënne mir natirlech net Nee soen an sou hu mir dem Eric a sengen Elteren 

e Naturchalet am Parc Saint Croix reserveiert wou si d’Hirschen quasi virun der Fenster treffen. Zesumme konnte si e puer flott Momenter matten an der Natur genéissen a sech erhuelen. Dëse klengen Trip war fir si alleguer a ganz speziell fir den Eric e  super Erliewnis.

Mir soen all eisen Donateursen villmools Merci, dass et mat hirer Ennerstëtzung méiglech war dem Eric säi Wonsch ze erfëllen.