Theo Handmountainbike

De fréiere Sportsstudent Theo huet eis kontaktéiert nodeems hien duerch e schlëmmen Accident am Rollstull setzt. Seng Passioun war schonn emmer de Velo an hien wëll och elo trotz sengem Handicap weider an de lëtzebuerger Ardennen kennen durch d’Natur radelen.

Fir dass hien dat och zukünfteg maache kann hu mir dem Theo säin neie speziell adaptéierte Vëlo co-finanzeiert nodeems hien sech och privat op d’Sich no Sponsoren gemaach huet. Leider bedeelegt d’Assurance dépendance sech just wann mat de Féiss pedaléiert gëtt. Mir konnten dat awer net esou stoen loossen an hunn dem Theo selbstvertständlech gehollef säi Wonsch ze realiséieren.

Hien huet och schonn direkt an deenen éischten Deeg 100 km gemach a säitdeems sinn nach ganz vill Kilometer dobäi komm.

D’ganz Equipe vum Wonschstär soen zesumme mam Theo all eisen Donateuren villmools Merci.