Pippo

Bei eis stoung Championsleague um Programm. De Pippo ass e grousse Juventus Fan an hien huet sech gewënscht ee mol seng Equipe am Stadion ze gesinn. Well et immens schwéier ass Plazen zu Turin ze kréien hu mir eis eng afale gelooss an hunn vun der Geleeënheet profitéiert, dass Juve fir e Match an d’Géigend kënnt.

Sou hu mir den Pippo a senger Begleetpersoun 2 Ticketen an e Mini-Bus inklusiv Chauffer bestallt. Trotz immense kalen Temperaturen huet de Pippo sech gutt amüséiert a konnt eng 2-0 Victoire vu senger Equipe feieren!