Disneyland

E Grupp vun 13 Persounen aus dem Institut „Am Klouschter“ vun Munneref, déi alleguer grouss intellektuell Beschränkungen deelen, hunn eis virun e puer Méint vun hirem grousse Wonsch erzielt: en Dag am Disneyland géing hinnen enorm Freed maachen.

E Wonsch matgedeelt, e Wonsch erfëllt!

Den 14 bis 15 Oktober hu mir des 13 Persounen am Alter tëscht 30 a 50 Joer mat insgesamt 7 Betreier op en Ausfluch an d‘Disneyland entfouert. D‘Freed hat scho keng Grenze méi beim Depart zu Munneref. Eng Coupe Cremant, eng Gittare an passionéiert Läit beim Sangen – eng Ambiance voller Freed.

Eemol am Disneyland ukomm, ass den Enthusiasmus ëmmer méi grouss ginn!

En Hotel an der Mëtt vum Parc, eng Parade mat all den Disney Figuren, e Brunch mam Pluto, Mini Mouse, Daisy an Gepetto – vill Attraktiounen, an déi laang Allee mat dem beandrockenden Schlass um Schluss, mir hunn eis gefillt wéi an engem Mäerchen!

Ee schéinen Ausfluch mat lauter grandiose Momenter a flotten Erënnerunge fir all déi Bedeelegt!