Chris Photoshooting

De Chris huet trotz sengem schwéiere Schicksal eng enorm Liewensfreed an eng grandios Strahlkraft.

Nieft sengem éischte groussen Wonsch, engem Treffe mat sengem Idol dem Valentino Rossi, huet hien eis em en zweete Gefale gefrot! Hie wollt fir sech a vu sech e puer flott Fotoen hunn.

Do gëtt et natierlech keng besser Geleeënheet wei e professionelle Fotoshooting. Sou hu mir e bëssen organiséiert a sinn zesumme mam Chris, dem Fotograf an dem Chris senge ganz perséinleche Modelen op Esch op de Belval gefuer. Des Location aus industrieller a moderner Architektur war déi perfekte Plaz fir dem Chris seng beandrockend Liewensfreed op Foto festzehalen.

De Chris an de Wonschstär soen dem Fotograf Jos Correia sou wei och de Modelen Villmools Merci fir hiert Encouragement.