Päerdsführerschäin

E ganz spezielle Wonsch hu mir an de leschte Wochen engem Grupp vu Kanner am Alter tëschent 8 a 14 Joer erfëllt. Si alleguer sinn am Kannerhaus Grevenmacher a ginn reegelméisseg op Betzder bei de Leederwon fir sech do em d’Päerd ze këmmeren.

De Leederwon huet sech Gedanke gemaach an huet d’Konzept vun engem « Päerdsführerschäin » an d’Liewe geruf, wou d’Kanner de sécheren Emgang mat Päerd léieren an zum Schluss och en Diplom kréien.

D’Zil vun dëser Aktioun ass et de Kanner éischtens eng flott Zäit ze bidden, zweetens duerch den Emgang mat de Páerd hir Verhalensstéierungen besser an de Grëff ze kréien, souwéi drëttens si physech an intelektuell ze förderen an hinnen duerch den Diplom eng gewëssen Unerkennung a Confiance ze ginn.

Dësen Diplom/Paäerdsführerschäin ass all de Kanner och bei enger offizieller Iwwerrechung vum Educatiounsminister Claude Meisch iwwerreecht ginn.

Mir si frou d´Käschte vun dësem Projet iwwerholl ze hunn an de Kanner esou eng flott Zäit konnten erméiglechen. Villmools Merci all eisen Donateuren déi dës Aktioun ënnerstëtzt hunn.