Maredoc

Et gouf eppes ze feieren am Maredoc!

Virun enger Zäitchen hu mir d’Madamm an den Här B. mat enger klenger Feier fir hire 60. Hochzäitsdag iwwerrascht.

Well si leider keng Kanner hunn, kréien si praktesch nie Besuch an dofir wollte mir hinnen op hirem speziellen Dag eng kleng Freed maachen an hirt laang Bestiednis honoréieren.

Mir si frou hinnen mat engem gudde Stéck Kuch, e puer schéine Blummen an enger gudder Schlippchen e flotte Moment bereet ze hunn.

E grousse Merci u jiddereen deen eis säi Vertraue schenkt an eis bei esou flotten Aktiounen ënnerstëtzt.