CDM Skivakanz

Am Mäerz hu mir 9 Kanner (Viva, Liv, Tyler, Elena, Anil, Lyo, Atawy, Ben an Rafael) mat schwéiere Behënnerungen zesumme mat hiren 9 Educateuren (1 zu 1 Betreiung) fir 1 Woch an d’Skivakanz op  Les Saisies/Hauteluce geschéckt!

An dësen Deeg konnt de ganze Grupp sech genial gutt amüséieren a ganz flott Erennerunge sammelen. Dobäi war et fir si souguer trotz hiren schwéieren Aschränkungen méiglech enner anerem Ski, Bobbahn, Schlitthënn, Pärdsschlitt ze fueren. Dat beweist op en Neits, dass näischt onméiglech ass an dat ee mat Asaz, Solidaritéit an Zesummenaarbecht ganz vill erreeche kann.

Fir dës flott Aventure vun hire Kanner ze erméiglechen an esou  een klengen Deel beizesteieren hunn d’Elteren am viraus eng schéin Aktioun gestart a Kuch an Kaffi am CDM verkaf.

Ee ganz grousse Merci geet un d’Walfer Schoul, d’Bicherdeeg Walfer, de Lycée du Nord zu Woltz an d’Famill Klepper, déi mat dësem Wonsch hirem klenge Meedchen Jil kënne gedenken.