Noemie

Ee Buggy fir op den Tour

D’Noémie ass 45 Joer al a stolz Mamm vu 4 Kanner. Virun e puer Joer huet d’Schicksal schlëmm zougeschloen an hatt ass un ALS erkrankt.

Säit enger gudder Zäitchen ass hatt duerch dës Krankheet op de Rollstull ugewisen an dat mëscht säin Alldag oft komplizéiert. Dës Ëmstänn sollen hatt awer an Zukunft net méi drun ofhalen emol erëm mat senger Famill op den Tour ze goen. Well hatt mat sengem Rollstull awer net iwwerall hi kënnt (Bësch, Plage etc), huet hatt eis kontaktéiert an em Hëllef gefrot.

D’Noémie huet sech gutt informéiert a sech doropshin vun eis e Velosunhänger gewënscht. No villem Ausprobéieren huet hatt mam Josi-Wismi Gelände-Buggy déi perfekt Ënnerstëtzung fir seng zukünfteg Ausflich fonnt. 

Esou hu mir dem Noémie op kee Fall konnten Nee soen an hunn him säi Wonsch mat grousser Freed erfëllt. Mat Hëllef vu sengem neie Buggy kann hatt sech elo endlech rëm mat sengem Mann a senge Kanner op d’Rees maachen a flott Vëlosweeër an der Natur entdecken.

Mir freeën eis fir d’Noémie a wënschen him vill Spaass mat sengem Buggy. 

Dobäi soe mir gemeinsam mam Noémie jidderengem villmools Merci deen him dës Chance erméiglecht huet.