Chloé

Eng alleng erzéiend Mamm huet eis kontaktéiert an eis gebied hirem autistesche Meedchen eng kleng Vakanz ze erméiglechen. No enger traumatescher Scheedung huet d’Mamm hir Aarbecht missen opginn fir sech ganz em hirt Meedchen ze bekëmmeren.

D’Chloé huet mëttlerweil 15 Joer a besicht eng Inklusioun’s Classe am Lycée Michel Lucius um Lampertsbierg.

No der Ufro vun der Mamm hu mir nët gezéckt an hunn dem Chloé 1 Woch Kolonie mat der Fondation Autisme geschenkt. Esou konnt hatt Mëtt August e bëssen ofschalten an eng Woch Vakanz op der Plage zu Burgh-Haamstede genéissen.

Zesumme mam Chloé soen mir all eisen Donateuren villmools Merci fir dëse schéinen Tapéitewiessel.