Igor

Den Igor huet 14 Joer an as spastisch gelähmt. Hien huet an senger Schoul (CDM) eisen adapteierte Velo fir Rollstill kennegeléiert a mëscht domat mat grousser Freed vill Ausflich an d’Natur.

Dës Freed huet och seng Famill mat kritt an doropshin hu si eis kontaktéiert an eis gefroot ob mir hinnen géinten hëllefen fir dem Igor privat och esou e Velo ze finanzeieren. 

Natirlech hu mir eis bereet erklärt hinnen eng Hand unzepaacken. Elo kann den Igor zesumme mat sengem Papp, dee selwer e passionéierte Velosfuerer ass, een Tour nom anere dréien a flott Strecken entdecken.

E grousse Merci geet dobäi un d’Biker.lu ASBL, engem Club vu passionnéierten Mountainbiker. Si hunn op hirer jährlicher MTB Randonnée HemoRide 1 déi néideg a schéin Zomm gesammelt, sou dass mir dem Igor säi Vëlo konnten iwwerginn.