Amsal

Duerch de Krich (Jugoslawien) sinn dem Amsal seng Elteren op Lëtzebuerg geflücht, wou den Amsal am September 2000 op d’Welt komm ass. Hien ass ze fréi op d’Welt komm an huet motoresch Aschränkungen. Am Joer 2012 ass hien operéiert ginn a war duerno 18 Méint am Rehazenter.

An dëser Zäit ass hien an d‘schoul gaangen an huet geleiert ze goen. Hien huet bis haut seng Schoul weider gemaach an ass elo op der Sich no enger Aarbecht. Säi gréisste Wonsch ass et bei de Spiller vu Paräis 2024 am Paracyclisme matzemaachen.

Dank Back2Sports an eiser finanzieller Hëllef hat den Amsal d‘Meiglechkeet en adaptéierten Vëlo ze fannen an d‘Preparatioun fir dëse groussen Wonsch ze starten.

Fir senger Motivatioun e klenge Schubs ze ginn hu mir zesumme mam Amsal um PowermaxX engem mini Triathlon fir Jugendlecher mat an ouni Behënnerung zu Saint-Léger an der Belsche deelgeholl. D’Challenge:
– 200m Schwammen am Lac de Conchibois deen immens kal war
– 10,5 km Vëlo
– 3,5 km Lafen (eng grouss Hürd fir den Amsal a säin Handicap)

Bravo a weider esou Amsal!

E grousse Merci och dem Mike an dem Elisa, déi d‘Equipe vum Wonschstär ënnerstëtzt hunn an matgemaach hunn.