Vielen Dank
Vielen Dank
Ein großes Dankeschön an alle unsere Unterstützer, sei dies durch eine Spende oder ein Ehrenamt! Dies ist der Hauptgrund, der es uns ermöglicht unsere Arbeit zu erledigen und dafür sind wir Ihnen zu tiefst dankbar. Es ist uns immer wieder eine Freude und Ehre Ihr Vertrauen zu genießen und die ganzen Menschen und ihre Familien glücklich zu machen!
Nodeems am Mee e grousse Kollektiv vu bekannten an immenz talentéierte Kënschtler hir Wierker am Kader vun der Fuelbox VII iwwer Wochen zu Réimech ausgestallt hunn, hu mir eis mat hinnen getraff fir eng offiziell Scheckiwwerreechung.
E ganz grousse Merci un d’Organisateuren, d’Kënschtler, d’Kellerei Desom, d’La Luxembourgeoise, d’Gemeng Remich sou wéi jiddereen deen d’Fuelbox VII an de Wonschstär mat senger Visite oder mam Kaf vun engem Konschtwierk ënnerstëtzt huet.
#wonschstaer #fuelboxvii #visitremich #wonsch #dons #merci

E grousse Merci un d’Amis de la Croix Rouge Biwer déi eis bei sech agelued hunn an eis en Don am Wert vun 2.500€ iwwerreecht hunn.
💕💕💕
#wonschstär #wonschstaer #wonsch #dons #merci

D’Crèche Billek vun Niederdonven huet eis bei sech invitéieert an eis en Don am Wert vun 1.785€ iwwerreecht, dee si duerch den Erléis vun hirem Summerfest 2023 gesammelt hunn.
Mir soe jidderengem e grousse Merci dee sech un dëser flotter Aktioun bedeelegt huet.

Mir goufen op Sandweiler an d’Schoul invitéiert a vun de ganze Kanner flott empfaangen. Mir freeën eis iwwert en Don vun 1.000€ dee si zesumme mam Schoulpersonal bei enger Course à pied gesammelt hunn.
Mir soen hinnen alleguer Villmools Merci.

Am Kader vun hirer Schoulaktivitéit “Schneekstuff” hunn d’Schüler aus der Ecole Internationale Mondorf-les-Bains den 3. Juli en Charity Dinner zu Gonschte vum Wonschstär organiséiert. Duerch dat fantastescht Engagement vun de Schüler an de Bénévolen souwéi der grousser Générositéit vun all den Invitéen dierfe mir eis iwwert en Don am Wert vun 1.400€ freeën.
Mir soe jidderengem e grousse Merci dee sech un dëser flotter Aktioun bedeelegt huet.
💕💕💕
#wonschstär #wonschstaer #wonsch #dons #merci

Am Kader vun hirer Schoulaktivitéit “Schneekstuff” hunn d’Schüler aus der Ecole Internationale Mondorf-les-Bains den 3. Juli en Charity Dinner zu Gonschte vum Wonschstär organiséiert. Duerch dat fantastescht Engagement vun de Schüler an de Bénévolen souwéi der grousser Générositéit vun all den Invitéen dierfe mir eis iwwert en Don am Wert vun 1.400€ freeën.
Mir soe jidderengem e grousse Merci dee sech un dëser flotter Aktioun bedeelegt huet.
💕💕💕
#wonschstär #wonschstaer #wonsch #dons #merci
De Luca, 20 Joer a Student, mecht a senge Vakanze ganz gäre gréisser Vëlosreesen. Dës Reesen verbënnt hien emmer am léiwsten mat enger karitativer Aktioun a versicht esou Spenden ze sammelen. Lescht Joer ass hien z.B. bis op de Nordkap gefuer an huet fläisseg fir d’UNICEF gesammelt.
Des Joer huet hien sech d‘Strade Roma di Sicilia 2023” eraus gesicht a sech zum Zil gesat 4.000 km bis erof a Sizilien ze fueren. Dëst mecht hien awer och dës Kéier nët nëmme fir sech mee mir si gléckech, dass hien sech décidéiert huet mat senger Aventure de Wonschstär a seng Projeten ze ënnerstëtzen.
Wann och dir de Luca op sengem weite Wee Motivatioun schenke an hien ënnerstëtze wëllt, da kënnt dir dëst ganz gären iwwert en Don un eis Fondatioun maachen.
Fondation Wonschstär
Mentioun: LetzOnBike
Banque de Luxembourg
LU82 0080 3062 1330 2001
Bic/Swift: BLUXLULL
oder iwwer Payconiq
https://payconiq.com/t/1/6241cb352dd9d10007b70835?A=0&R=test&D=LetzOnBike
Mir soen iech alleguer souwéi och dem Luca elo scho villmools Merci a wënschen him ganz vill Spaass op sengem Wee.
Wann dir de Luca op senger Aventure begleede wëllt, kënnt dir säin Account @letzonbike suivéieren.

E ganz grousse Merci un d’Fraen a Mamme vu Schieren déi eis op hirer Generalversammlung e flotte Cheque am Wert vun 2.000€ iwwerreecht hunn. Dës Sue hu si am Kader vun hirer Kaffisstuff 2022 gesammelt.

D’Fraen a Mamme vu Bärel-Pommerlach hunn eis op e Pättchen an e puer Schnittecher invitéiert. Dobäi gouf eis e flotten Don am Wert vun 3.000€ iwwerreecht. Mir soe villmools Merci fir déi wonnerbar Ennerstëtzung.
💕💕💕
#wonschstär #wonschstaer #wonsch #dons

Och dës Joer sinn de Stefan an de Kim fir de Wonschstär um Vëlo. Si fueren awer des Kéier net elleng a gi vun hirem Kolleeg dem Pir fläisseg ënnerstëtzt.
Hirt Zil ass et an zwee Deeg 410km a 6.500hm hannert sech ze brengen an esou ee mol ganz ronderem d’Insel Mallorca ze fueren.
Wëllt och dir déi dräi op hirer Challenge ënnerstëtzen an esou dozou bäidroen dem Morgane eng Delfintherapie ze erméiglechen? Dann kënnt dir si elo mat engem Don per Payconiq oder Iwwerweisung encouragéieren an hinne vill Kraaft schenken.
Zesumme mat hinnen an dem Morgane soe mir Iech elo scho villmools Merci fir Äre gudde Wëllen💕🚴🏻♂️
Fondatioun Wonschstär
LU82 0080 3062 1330 2001
Mentioun: Morgane23
@stefan_kim_for_charity

Den Ultimate Squash Club konnt no laanger Zäit erem en Tournoi organiséieren. No engem Fundraising hu si eis en Don am Wärt vu 505€ iwwerginn. Mir freeën eis iwwer hir Ënnerstëtzung a soen hinne villmools Merci!

Am Kader vun hirem 40. Gebuertsdag huet d’Associazione Trevisani nel Mondo del Lussemburgo eis e Cheque am Wäert vun 2000€ iwwerreecht.
Mir soe villmools Merci fir déi flott Ennerstëtzung. Grazie Mille 💕💕💕

Bei hirer Aktioun Aalt Gezei huet d’Associatioun Kolping Lëtzebuerg aal Kleeder gesammelt a mat 3000€ en Deel vum Erléis un d‘Fondatioun Wonschstär gespend.
Mir freeën eis a soe jidderengem dee dobäi gehollef huet villmools Merci!
Kolping Luxembourg Asbl

Kontakt
Wenn Sie mit uns Kontakt aufnehmen möchten, können Sie uns gerne anrufen oder hier schreiben. Wir beantworten Ihnen gerne alle weiteren Fragen. Sind Sie eventuell interessiert uns bei unseren Aktionen oder Veranstaltungen zu helfen, dann können Sie uns auch hier einfach schreiben. Wir sind immer bereit mit anderen Menschen zusammenzuarbeiten und freuen uns auf Ihre Nachricht.