Rachel

Rachel , 9 Joer, ass en Meedchen aus enger grousser Famille mat 10 Kanner. Hat huet ganz vill Problemer an allen Beräicher: schoulesch, familiär,sozial…

Hat ass zimlech ausgestouss an der Schoul an hat ass amgang sech ëmmer méi an seng Welt zeréck ze zeien, hat schwätzt net méi vill an huet ganz vill Angschtgefiller, hat ass an psychologescher Betreiung an do hu si der Mamm geroden fir eng Reittherapie mam Rachel ze probéieren, fir säin Selbstwäertgefill ze stäerken an him seng Angscht Gefiller ze huelen.

Zu Monnerech am ATE (association thérapie équestre) huet Rachel Geleeënheet sou eng Therapie ze maachen. 1 Seance am Grupp kascht 40 Euro (fir 1 Stonn an eng1/2).

De Wonschstär iwwerhëlt déi Therapie ganz gären.