Chris

De Chris, deen am Alter vun 2,5 Joer erkrankt ass, huet mat eis Kontakt opgeholl well hien vu jonkem un e ganz grousse Wonsch huet. Hien huet sech näischt méi gewënscht wéi säi grousst Idol den italienesche Moto GP Fuerer Valentino Rossi ze treffen.

Mir hunn eist Bescht gemaach an hunn näischt onversicht geloos fir dem Chris säin Häerzenswonsch ze erfëllen. Eis grouss Méi war och net em soss a sou hu mir eis zesumme mam Chis a sengen Elteren op Jerez a Spuenien op de Wee gemaach fir bei der Moto GP um Circuit live mat dobäi ze sinn.

Bei herrlechem Wieder huet de Chris sech iwwert déi ganz Deeg wéi e Prënz um Circuit gefillt a konnt emol ganz déif hannert d’Kulissen luussen, déi grandios Atmosphere genéissen an e ganz neien Androck gewannen. Dësen Androck gouf mat der Zäit emmer besser an hat säin Héichpunkt mam grousse Moment op deen de Chris sech sou gefreet huet, de Moment wou hie säi grousst Idol matt der Nummer 46 begéint. D’Begeeschterung vum Chris war onbeschreiflech a wärt fir emmer am Chris sengen Erennerungen eng grouss Roll spillen!

Kuckt dëse Video vum Ignasi Pastori a sidd mat dobäi op dësem flotten Ausfluch.

Mäin Draam ass an Erfëllung gaangen. Et war einfach geilomatico!!! Dobäi hunn ech am Fliiger fir dohin nei Frënn kennegeléiert, déi och d’Moto GP kuke waren!

Chris Romitelli