Jeff

De Jeff huet eng Autismus-Spektrum Stéierung. Hien schwätzt net vill an dréckt sech net kloer aus, dëst bréngt mat sech, dass hien nëmme ganz wéineg Kontakter huet a sengem Alter. Dowéinst huet seng Schwëster d’Jana ons virun e puer Méint geschriwwen. Wéinst senger Isolatioun ass de Jeff ganz oft am Internet ënnerwee a ganz besonnesch vun Helikoptere faszinéiert, déi hie sech op Youtube ukuckt.

Wat kéint méi spektakulär sinn, wéi him en Helikopterfluch iwwert eist Ländchen ze schenken? Op engem sonnegen Nomëtteg, genial Wiederkonditiounen, hu mir dem Jeff säi grousse Wonsch erfëllt.