Dylan

Den Dylan ass e klenge Jong vun 3 Joer deen mat enger ganz schwéierer Situatioun konfrontéiert ass. Hien huet leider mat ganz schwéier behandelbaren Epilepsie Attacken ze kämpfen. Des Attacken kommen am meeschte wärend der Nuecht an halen di ganz Famill vum Schlofen of.

Well esou Nuechten ouni Schlof immens physesch a mental ermiddend sinn, a fir den Dylan an och seng Famill e bëssen ze ënnerstëtzen huet seng Mamm eis eng Demande fir en „Epi Care“ zoukomme gelooss. Den „Epi Care“ ass eng Maschinn déi der Famill et erméiglecht dem Dylan seng Epilepsie besser ze iwwerwaachen an esou schnell kennen ze agéieren an dem Dylan ze hëllefen.