Ines

D‘Ines ass e klengt Meedche vu 7 Joer dat mat engem schwéieren Handicap op d’Welt komm ass. hatt schwätzt net vill, sëtzt am Rollstull a mëscht schwéier epileptesch Krisen.

D‘lescht Joer hunn d‘Eltere vum Ines him eleng eng Delfintherapie an der Tierkei finanzéiert a si konnten doduerch e Fortschrëtt bei hirem Meedche feststellen.

De grousse Wonsch vum Ines sengen Elteren war et him eng weider Therapie ze erméiglechen. Des Kéier hu si d‘Fondatioun Wonschstär kontaktéiert a gefrot ob mir hinnen beim finanzéieren ënnert d‘Ärm gräife kéinten.

Well mir d‘Ines schonn eng Zäit laang verfollegen a seng Situatioun eis déif am Häerz getraff huet, hu mir hatt a seng Famill mat der Hëllef vun eisen Donateuren 2 Wochen op Kemer an d‘Türkei an de groussen Therapiezentrum „Dolphin therapy land“ geschéckt.

Dem Ines senger Mamm hir ergräifend Wieder:

„Mir mierke kleng Verbesserungen am Ines sengem Verhalen. Hatt kommunizéiert méi an ass vill méi fräi wat seng Spastik a seng Beweegunge betrëfft. Säit e puer Deeg wëll hatt kee Bräi méi iessen an hatt wëll gären méi grouss Stécker déi et elo och geknat kritt. Hatt huet och vill manner mat senger Mondflëssegkeet.

Mir soen Iech vun Häerze villmools Merci fir déi onbeschreiflech zwou Wochen. Mir konnte vun all Minutte profitéieren an eis Ines ass super a Form an iwwerglécklech. Och wann Therapie enorm ustrengend war fir d‘Ines, war dëst en Deel vu sengem Wuelbefannen. Merci dass dir dem Ines erlaabt hutt des schéi Momenter voller Freed kënnen ze erliewen!“