Theo

Ee Vëlo fir den Theo! Den Theo ass ee 14 Joer ale Jong mat enger ganz seelener neuromuskulärer Autoimmunerkrankung Krankheet, dem Morvan Syndrom!

Et huet viru 6 Joer mat psychiatresche Symptomer wéi Halluzinatiounen ugefaange, mee och kognitiv Problemer a sozial Kontakter sinn och méi schwéier ginn. 2018 entwéckele sech d‘Symptomer weider! Bei all weiderem Ufall entwéckelt sech zousätzlech zu den Halluzinatiounen kierperlech Symptomer wéi Myotonie (d‘Muskelen si stänneg a Beweegung mat grousser Péng). Leider erhëlt den Theo sech net vun all Ugrëff. Am Mäerz 2019 hat den Theo säi leschten Ufall bei deem hien seng Sprooch, d‘Liesen an d‘Goen verluer huet. Hien gouf an d‘Universitéitsklinik vu Ghent hospitaliséiert, wou hien schliisslech mam Morvan Syndrom diagnostizéiert gouf.

No engem dräi Méint laangem Openthalt gouf hien an d‘Rehazenter op Lëtzebuerg bruecht. Do huet hien Back to Sport kennegeléiert, e Veräin, dee Mënsche mat kierperleche Behënnerungen zesummebréngt a wou des Mënschen sech op Sportveranstaltunge selwer iwwertreffen an hir Ziler erreechen kënnen. Mat der Hëllef vun engem Vëlo, deen den Theo vu Back to Sport geléint krut an der Frëndlechkeet an dem enormen Engagement vum Xavier an dem Aurélie vu Back to Sport konnt hien erëm eng Aktivitéit ophuelen. Elo, wou hien d‘Fraiheet mam Vëlo entdeckt huet, gëtt et fir hien keen Zeréck méi.

No laange Méint Rehabilitatioun ass hien frou endlech erëm en Zil ze hunn. D‘nächt Joer huet hie wëlles zesumme mat sengem Papp beim Transardennes Biking Heroes Team Challenge deelzehuelen.

Well hien net vill Muskelkraaft an Ausdauer huet, hëlleft him en Elektromotor wierklech ganz vill. Säin Dram: en eegenen adaptéierte Vëlo ze hunn, fir sou vill wéi méiglech trainéieren a säin Zil erreechen ze kennen!

d‘Dondatioun Wonschstär ass stolz drop him ze hëllefen a säi Wonsch ze erfëllen. Dofir huet de Wonschstär zesumme mat Back to Sport dem Theo offiziell en ugepasste Vëlo zur Verfügung gestallt.

E grousse Merci un eis generéis Sponsoren!