Marc

En Laachen ze gesinn mëscht engem immens vill Freed! De Covid19 hënnert eis net dorun eiser Aarbecht nozekommen a se wäertzeschätzen: Deenen déi un enger seelener oder degenerativer Krankheet leiden, wei den Här Plun, e klenge Kär Gléck ze schenken ass fir eis Fondatioun e Muss.

En aussergewéinleche Gebuertsdag fir de Marc: ëmginn a verwinnt vu senger Famill konnt hien e puer wonnerschéin Deeg um Mier verbréngen! Als groussen Highlight viru senger Heemrees nach eng lescht Iwwerraschung: en Tour an engem Ferrari Cabriolet.

E GROUSSE MERCI un d’Lea, eng fräiwëlleg Infirmière, déi sech em hie gekëmmert huet, an un d’Marie-Laure an de Pedro, déi de Ferrari Dram erfëllt hunn.

Solidaritéit kennt och a Covid19 Zäite keng Grenzen!

Awer ouni eis SPONSOREN geet keen Dram an Erfëllung, dofir e ganz besonnesche MERCI un all déi déi dëse Projet ënnerstëtzt hunn!