Martin

Och de Martin huet eis fir Chrëschtdag e klenge Wonsch erzielt. Hien ass ganz interesséiert um Sport an kuckt gären de Fussball. Sou huet hien eis gefrot ob et méiglech wär him en ënnerschriwwenen Trikot vum Lëtzebuerger Nationalspiller dem Vincent Thill ze besuergen.

Iwwer e puer Ecker war et eis méiglech a sou konnte mir de Martin mat engem flotten Trikot fir Chrëschtdag iwwerraschen.

E grousse Merci un de Vincent Thill, deen eis ouni ze zécken gehollef huet sou wéi och all eisen Donateuren, déi mat hirer Ënnerstëtzung och esou kleng Wënsch an Erfëllung goe loossen.