Maredoc

Eng gelongen Iwwerraschung

Den 23. Dezember ware mir fir d’Feierdeeg am Altersheem Maredoc op Besuch an hunn d’Bewunner mat klenge Kaddoen iwwerrascht.

Et war immens schéin ze gesi wéi d’Leit sech iwwert déi flott handgemaache Saachen an de gudde Schockela gefreet hunn. Si waren alleguer immens glécklech an et si souguer déi eng oder aner Tréin gefloss. Mir esou wéi och si wäerten dëse besonneschen Dag a beschter Erënnerung behalen.

Et war eis eng grouss Freed fir de Bewunner e puer flott Momenter ze schenken.