CDM Vëlo

Nodeems d’Famill vum Max sech entscheed huet de Velo u seng Schoulkameroden am CDM weider ze ginn an dësen esou vill Freed bei de Kanner ausgeléist huet, hu mir eis entscheed dem CDM e weidere op Rollstill adaptéierte Velo ze schenken. 

Dëst erlabt de Kanner zukünfteg zu zwee gemeinsam vun dëser flotter Aktivitéit ze profitéieren an deen een oder aneren Tour mat hiren Encadranten ze dréihen.

Zesumme mat de Kanner wëlle mir all eisen Donateuren Merci soen déi eis erlabt hunn dëse Projet ze realiséieren. Dobäi geet e ganz besonnesch grousse Merci un BAVI (bons amis du vendredi) an un de Lycée Robert Schumann déi dëse Wonsch jeweils mat engem ganz schéinen Don ënnerstëtzt hunn.