Vollekskichen

Fir den Ofschloss vum Joer hu mir eis dës Joër e Projet mat der Vollekskichen vu Bouneweeg eraus gesicht. D’Vollekskichen ass ee wichtegen Acteur fir Inclusioun an Integratioun a bitt Läit, déi leider duerch divers perséinlech Schicksalsschléi um éischten Aarbechtsmaart ganz schwéier oder keng Plaz fannen, eng Aarbechtsplaz. Hei kënnen dës Läit enger reegelméisseger Aarbecht nogoen an esou wichteg Eegeschafte wéi Pünktlechkeet an Aarbechtsmoral bäibehalen.

Am Kader vun dësem flotte Projet hu mir 16 Persounen verschidde kleng Wënsch erfëllt. Sou hu sech déi betreite Persounen ënner anerem e Staubsauger, e Relax, en Teppech, eng Mikrowell, e Büro, en Trockner, eng Tablet, e klengen Trip an Holland oder en Ausflug mat de Kanner an den Europapark gewënscht.

Et huet eis gefreet déi eenzel Läi mat hiren Geschichte kennen ze léieren an hinnen fir Chrëschtdag eng kleng Freed ze maachen.

E grousse Merci u jiddereen deen eis bei dësem Projet gehollef huet.