Kannerhaus Jonglenster

Enn Oktober huet de Wonschstär e weidere Wonsch erfëllt. Eng Grupp Jugendlecher am Alter teschend 14 a 17 Joer aus dem Kannerhaus Jonglënster wollt sech gären de Musical „König der Löwen“ zu Hamburg ukucken.

De Musical „König der Löwen“ ass e Broadway-Musical vum Elton John an Tim Rice. E baséiert op dem gläichgenannten Disney-Zeechentrickfilm aus dem Joer 1994. De Musical gouf am Joer 1997 zu Minneapolis déi éischte Kéier opgefouert a hat vun Ufank un e ganz grousse Succès. Et ass eng vun deene beléiftsten a meeschtgeschätzte Produktiounen déi Disney jee produzéiert huet.


De Besuch vun dësem Musical war den Highlight vun der Rees op Hamburg. Donieft hu si awer och nach immens vill ënnerholl, wéi z.B. eng Haferonnfaart, eng Visitt vum “Hamburg Dungeon”, sech d’Stad méi no ugekuckt an natierlech eng kleng Shoppingtour.