• 101, route de Diekirch L-7220 Walferdange
  • (+352) 671 888 000
  • info@wonschstaer.lu
  • LU82 0080 3062 1330 2001
  • Français
    • Luxembourgish
    • Français
    • Deutsch
    • English
wonschstaer.lu
  • Bienvenue
  • Équipe
  • Nouvelles
  • Souhaits
  • Événements
  • Gallery
  • Merci
Sélectionner une page
Gallery

wonschstaer

132 385

Die Stiftung Wonschstär hat es sich zum Ziel gesetzt Menschen, welche sich in schweren Lebenssituationen befinden, zu helfen.

Wonschstär
Open
Fondation Wonschstär en collaboration avec B2Sport: 1ere journée Tour de Luxembourg: étappe Le Lac Lultzhausen-Wiltz. MERCI Amsal et Mischi #backtosport #sportinclusion
Open
Mir sinn zréck vun der hollänescher Plage a wat war dat schéin.

Op Initiativ vun der Spillkëscht Sandweiler konnte mir d’Méiglechkeet notzen den Här Plun op senger klenger Rees op Noordwijk ze ënnerstëtzen a mir freeën eis, dass hien mat senger Famill eng wonnerschéin Zäit erliewe konnt.

Dem Här Plun säin Alldag ass leider immens vu senger schwéierer Krankheet a Behënnerung gepräägt an dofir ass et a sou enger Situatioun em sou méi wichteg vun Zäit zu Zäit emol e bëssen Oflenkung ze kréien an eng kleng Paus ze maachen.

Fir déi ganz Famill op dësem Ausflug beim Encadrement ze entlaaschten hu mir eis eng professionnell Hëllef gesicht. Mam @paiperleck_sarl , deen den Här Plun den ganzen Dag iwwer mat grousser Professionalitéit begleet huet, hu mir de richtege Partner fir dës Missioun fonnt. Mir genau esou wéi den Här Plun a seng Famill ware begeeschtert vun der Ënnerstëtzung, déi si iwwert déi Deeg kritt hunn a soen der ganzer Equipe e grousse Merci.

Mir wëllen bei dësen Geleeënheet der Spillkëscht Sandweiler Merci soen, déi dem Här Plun des Aventure gewënscht huet an dëst mat hirem schéinen Engagement erméiglecht huet.
Open
Vielen Dank Mike und Alisa!
Open
Och um Biisser Rallye dëse Weekend versicht d’Kënschtlerin Juliette Haag e puer Biller fir de Wonschstär ze verkafen. Kommt laanscht op hire Stand oder sidd sportlech dobäi a maacht mat beim Rallye fir de gudden Zweck.

#wonschstär #juliettehaag #biisserrallye #gemengbiissen
Open
Mellt Iech un a sidd dobäi beim Biisser Rallye!

Wandert och dir fir e gudden Zweck...
Open
Dem Cathy säi Wonsch ass an Erfëllung gaangen.

Nodeems d’Madamm Hoffmann, Englesch Prof am Bouneweger Lycée, eis kontaktéiert huet an eis e bëssen iwwert hir Schülerin erzielt huet, ware mir Feier a Flam fir ze hëllefen.

D’Cathy wunnt de Moment an engem Foyer an mëscht seng 1ère Commerce. Fir seng schoulesch Ausbildung an och op sengem weidere Wee bräicht hatt onbedéngt e Computer.

D‘Fondatioun Wonschstär ass méi wéi frou d‘Cathy ze ënnerstëtzen a wënscht him bonne Chance!

E grousse Merci u jiddereen deen eis ënnerstëtzt!

#wonschstär
Open
Wann Ecologie a Solidaritéit sech begeinen

D’BGL BNP Paribas huet ennert hire Mataarbechter eng Aktioun gestart fir esou vill wéi méiglech Pabeier am Joer ze spueren an esou eppes fir d’Emwelt ze maachen.

Dëst hu si mat engem klengen Challenge kombinéiert an déi Equipe déi am meeschte Pabeier spuert, konnt sech eng Institutioun aussichen, déi mat engem generéisen Don vun 10.000€ beschenkt gett.

D’Fondatioun Wonschstär ass houfreg dass d’Gewënnerequipe eis erausgesicht huet an dass mir dësen Don entgéint huelen duerften.

Mir hunn dësen Don an eise Projet Exoskelett investéiert wou mir Läit mat verschidde Pathologien mat engem Exoskelett ënnerstëtzen fir erem treppelen ze léieren.

E grousse Merci un d’BGL BNP Paribas an hir Mataarbechter, déi sech iwwert d’ganz Joer esou vill Méi ginn hunn an eis ausgewielt hunn.

#wonschstär #bglbnpparibas
Open
Kommt op eisen Ouschtermaart! Iwwerraschungen fier Grouss a Kléng! Et ass fier eis eng grouss Freed wann Dir eis besichen kommt! Bis geschwënn!🌟🐣🐥🐰
Open
Gemeinsam mat der Kënschtlerin Juliette Haag wëlle mir de Moment och eng Aktioun starten an eis fir de Fridden asetzen.

Juliette Haag huet senger Kreativitéit fräie Laf geloos an e puer flott Tableaux’en an Dekoratiounseeër hiergestallt. Dir kënnt dës Konschtartikelen zu all Zäitpunkt bei eis op Walfer (101, route de Diekirch L-7220) kucken an och kafe kommen.

Natirlech kënnt dir och ären Tableau oder äert Ee am viraus schonn iwwer Email oder eis sozial Medien reservéieren.

Den Erléis aus dëser Aktioun fléisst integral an e Projet deen am Kontext vun der Situatioun an der Ukraine an der doraus resultéierender humanitärer Kris entstanen ass.

Mir soen Iech am Viraus schonn emol e grousse Merci fir Är Ënnerstëtzung.
Open
D’Mélanie hat am Alter vun 9 Joer e ganz trageschen Autosaccident an huet esou scho jonk misse léiere mat engem schwéiere Schicksal ëmzegoen. Säit dësem Moment ass hatt als Tetraplegiker a sengem Alldag op e Rollstull ugewisen.
 
Em déi zwee Joer ass et hier do huet d’Mélanie eis kontaktéiert an em Hëllef gefrot. Säi grousse Wonsch war et säin eegenen Auto ze hunn a sech esou fräi an onofhängeg deplacéieren ze kënnen. Zum Zäitpunkt vu senger Demande ass hatt zu Ettelbréck an de Lycée Privé St Anne an d’Schoul gaangen, mee mëttlerweil huet et säin Ofschloss an ass an der Aarbechtswelt aktiv. An dësem Beräich ass eng gewëssen Mobilitéit natierlech méi wéi hëllefräich. 
 
Hatt huet och schonn de Führerschäin a säi Papp huet him en Auto geschenkt, deen awer nach am Laf vum leschte Joer huet missen ëmgebaut ginn. Dëst war wéinst dem Niveau vum Mélanie senger Behënnerung e ganz käschtenintensiven Ëmbau.
 
Mat grousser Ënnerstëtzung war et eis méiglech dem Mélanie bei dëser Adaptatioun vu sengem Auto ënnert d’Äerm ze gräifen. Ab elo ass et him trotz senger kierperlecher Behënnerung a sengem Rollstull méiglech sech bal ouni Aschränkung am Alldag fortzebeweegen.
 
Gëschter war et offiziell esou wäit a mir konnte gemeinsam mam Mélanie, all eisen Donateuren e ganz grousse Merci soen, hinnen dësen Auto inklusiv all den Adaptatiounen presentéieren a mat engem klenge Pättchen ustoussen.

#wonschstär #wonschstaer #wish #jeep #lëtzebuerg #wonsch
Open
En Auto fir e bessert Liewen
 
Schonn a jonke Joren ass den Ahmed mat ganz schwéiere Situatioune a sengem Liewe konfrontéiert gewiescht. Am Alter vu 16 Joer huet hien zesumme mat senger Famill seng Heemecht am Irak misste verloossen an iwwer vill Ëmweeër an eisem Ländchen eng nei Heemecht fonnt.
 
Mat groussem Engagement ass den Ahmed säit senger Arrivée amgaangen fir sech a seng Schwëster an Elteren eng besser Zukunft opzebauen. Sou huet hie sech am Lycée Emile Metz ageschriwwen fir sech an der Informatik ausbilden ze loossen.
 
Fir senger Famill finanziell auszehëllefen an hir Dreem ze verwierklechen ass hien och nieft der Schoul extrem motivéiert an huet e feste Studentenjob am Restaurant Manoir Kasselslay zu Clierf ugeholl. Leider huet hien keen eegenen Auto, wat seng Situatioun a säin Niewenjob extrem erschwéiert huet. Mat der Ënnerstëtzung vu sengem Patron huet hien sech dunn un eis geriicht an eis gefrot ob mir gewëllt wieren him eng Hand un ze paken dëse Problem ze léisen.
 
Zesumme mat  der Carrosserie Palanca, de Frënn vum Steve an de Famillen Feidt, Muller a Friederich war et eis méiglech dem Ahmed säi Wonsch ze erfëllen an hien op sengem Wee mat engem Polo aus zweeter Hand ze ënnerstëtzten. Ab elo kann hien esou ouni weider Problemer sengem Studentenjob nogoen a sengem Patron a senger Famill ënnert d’Äerm gräifen. Mir soe jidderengem Merci deen eis bei dësem Projet ausgehollef huet.

#wonschstär #wonschstaer
Open
Happy birthday to you, 
happy birthday to you,�Happy birthday to you Lise�Happy birthday to you!

Se soen jo et géing ëmmer e Grond gi fir ze feieren mee mir hate viru kuerzem e ganz besonnesche Grond. Dem Lise säin 18te Gebuertsdag stoung virun da Dier!

Duerch eng schwéier Krankheet huet d’Lise säit senger Gebuert schonn onendlech vill Operatiounen missen hannert sech bréngen. D’Rees vun engem Dokter bei deen aneren ass fir hatt och haut nach ëmmer Aktualitéit. Fir dës Suergen awer emol fir e kuerze Moment op d’Säit ze setzen hat d’Lise e grousse Wonsch. Emol eng Party ze erliewe mat Famill, Frënn a jidderengem deen hatt iwwert all déi vill Joren ënnerstëtzt huet wéi z.B sengen Dokteren.

A well mir natierlech och ëmmer fir eng flott Party ze begeeschtere sinn, hunn mir eis net zweemol biede gelooss fir dem Lise säin Owend ze organiséieren.

Mat enger passender Location, enger flotter Ambiance a gudder Musek war de Kader perfekt fir dem Lise säin Gebuertsdag esou ze feieren wéi hatt et sech ëmmer erdreemt huet!

E grousse Merci u jiddereen deen eis bei der Organisatioun eng Hand ugepaakt huet an natierlech och un all dem Lise seng Bekannten déi dozou bäigedroen hunn, dass deen Owend esou onbeschreiflech flott fir hatt war!

#wonschstär #wonschstaer #wish #party #happybirthday #luxembourg #lëtzebuerg #letzmakeithappen
Open
D’Fondation Wonschstär wëll Iech villmools Merci soen fir déi immens Ënnerstëtzung, déi dir eis an eise Projeten iwwert dat alt erem ganzt komplizéiert Joer zoukomme gelooss hutt.

Mat grousser Virfreed a Motivatioun wäerten mir och 2022 eisem Wee trei bleiwen an hoffen dobäi op Äert Vertrauen an Är breed Ennerstëtzung zielen ze kënnen.

Bis dohin wënsche mir Iech an Äre Famillen a Frënn schéi Chrëschtdeeg, eng gutt Gesondheet an e gudde Rutsch an en hoffentlech manner schwéiert neit Joer.

#wonschstär #wonschstaer #scheifeierdeeg #lëtzebuerg
Open
E ganz besonnesche Wonsch hu mir an de leschten Deeg erfëllt. De klenge Lyo huet 8 Joer an hien ass direkt no senger Gebuert krank ginn an huet doduerch eng schwéier Behënnerung kritt. Seng Mam, déi hien am Alldag op Schrëtt an Trëtt begleed an hiert Bescht mëscht fir hire Bouw ze ënnerstetzen, huet eis vun hierem Wonsch erzielt. Si hu sech gewënscht elo fir d’Chrëschtzäit dem Santa Claus säin Duerf a Lapland ze besichen.

Beim Wonschstär hunn mir eis gesot esou e flotte Wonsch dee kënne mir net einfach ausschloen a musse versichen eist Bescht ze maache fir de Lyo a seng Mamm ze ennerstetzen.

No villem Organiséieren hu mir et gepackt déi zwee wäit an den Norden op d’Sich nom Santa ze schécken. An et huet geklappt! Nierft engem Treffe mam Santa, wou de Lyo aus dem Strahlen nët méi eraus komm ass, konnte Sie enner anerem d’Renndéiere vu ganz no inspizéieren an en Tour mat de Schlittenhënn a mam Schnéimobill fueren.

Et freet eis ze gesinn, dass de Lyo a seng Mamm epuer flott Deeg a Momenter am Schnéi konnten erliewen. Vun dohir soe mir dem Maria a Paul vun The friendly Moose (www.thefriendlymooselapland.com) Villmools Merci fir hier Hellef bei der Organisatioun.

Och all eisen Donateuren si mir natierlech dankbar, well ouni dat genialt Encouragement kéinte mir keng esou flott Wënsch erfëllen.

Erzielt eis vun Ärem Wonsch an erliewt och dir esou e flotte Moment!

#wonschstär #wonschstaer #wish #lapland #santavillage #luxembourg #lëtzebuerg #letzmakeithappen
Open
Haut op Nikloosdag lancéiere mir wei all Joer eis speziell Chrëschtdagsaktioun wou mir enger ganzer Rei Matbierger e Wonsch erfëllen.

Eis Aktioun viséiert Eenzelpersoune sou wéi och e ganze Grupp vu Persounen wei z.B. Foyeren asw. Dobäi gëllt dëst natirlech nemme fir Läit mat engem schwéiere Schicksal wéi z.B. Krankheet, Behënnerung oder aner ähnlech schwéier Situatiounen.

Erzielt eis vun Ärem Wonsch a Mellt Iech bei eis iwwer Tel um 671 888 000 oder per Mail op info@wonschstaer.lu

Merci u jiddereen deen dëse Post weider deelt.
Open
Opgepasst! No eisem Chrëschtmaart bei eis am Siège zu Walfer si mir dëse Weekend um Tour an op folgende Plazen an Auerzäiten ze fannen:

3. Dezember op der Heringer Millen
4. Dezember zu Randschelt op der Heringer Millen
5. Dezember op der Heringer Millen

Mir freeën eis op Äre Besuch
Open
Mat grousser Freed presentéiere mir iech d’ Wonschstär Singers. E Grupp vu 39 lëtzebuerger Musiker, déi sech zesumme gedo hunn an e wonnerschéint Lidd opgeholl hunn. 

Kukt Iech dëse Video un a lauschtert hiert Lidd « No more time for war and crime ».
Dir kënnt Iech dëse Song och zu all Moment op deene grousse Platforme wéi iTunes, Spotify etc. eroflueden!

E ganz grousse Merci u jiddereen dee bei dësem flotte Projet deel geholl an de Message ënnerstëtzt huet.

Mir freeën eis iwwer jiddereen deen dëse Video deelt a liked. Merci!
Open
No eisem Chrëschtmaart de Weekend sinn nach déi eng oder aner flott Dekoratiounen déi op en neie Besëtzer waarden. Wann eppes dobäi ass wat Iech gefällt, da schreiwt eis!
Open
Mir invitéieren iech dese Weekend ganz haerzlech op eise Chrëschtmaart an eisem Siège 101, route de Diekirch L-7220 Walfer.

Freides, 26. November: 16-20h
Samschdes, 27. November: 10-18h
Sonndes, 28. November: 10-18h
Mir freeën eis op äre Besuch.

Mir soen Iech Merci fir déi aussergewéinlech Ënnerstëtzung a wënschen Iech an ärer Famill an äre Frënn weiderhin eng gutt Gesondheet.
Open
No deem grousse Succès am leschte Joer freeë mir eis Iech matzedeelen,
dass mir och des Joer erem e klenge Chrëschtmaart bei eis zu Walfer organiséieren.

Zesumme mat eise ville Bénévolen waren mir iwwert déi lescht Wochen erem fleisseg an hunn eng grouss Unzuel u flotten Dekoratiounsartikelen asw. hiergestallt.

Mir invitéieren iech ganz haerzlech op eise Siège 101, route de Diekirch L-7220 Walfer.

Freides, 26. November: 16-20h
Samschdes, 27. November: 10-18h
Sonndes, 28. November: 10-18h

Mir freeën eis op äre Besuch.

Mir soen Iech Merci fir déi aussergewéinlech Ënnerstëtzung a wënschen Iech an ärer Famill an äre Frënn weiderhin eng gutt Gesondheet.

Kontakt

A. 101, route de Diekirch L-7220 Walferdange

T. +352 671 888 000

E. info@wonschstaer.lu

B. Banque de Luxembourg
LU82 0080 3062 1330 2001

Contact

A. 101, route de Diekirch L-7220 Walferdange

T. +352 671 888 000

E. info@wonschstaer.lu

B. Banque de Luxembourg

LU82 0080 3062 1330 2001

Kontakt

A. 101, route de Diekirch L-7220 Walferdange

T. +352 671 888 000

E. info@wonschstaer.lu

B. Banque de Luxembourg

LU82 0080 3062 1330 2001

Contact

A. 101, route de Diekirch L-7220 Walferdange

T. +352 671 888 000

E. info@wonschstaer.lu

B. Banque de Luxembourg

LU82 0080 3062 1330 2001

Menu

  • Bienvenue
  • Équipe
  • Nouvelles
  • Souhaits
  • Événements
  • Gallery
  • Merci

Quoi de neuf?

  • Plun
  • Cathy
  • Melanie
  • Ahmed
  • Lise

© Fondation Wonschstär 2021

Mentions légales

Conditions générales et Protection des données

  • Suivre
  • Suivre
XNous utilisons des cookies sur notre site web pour vous offrir l'expérience la plus pertinente en mémorisant vos préférences et vos visites répétées. En cliquant sur "Accepter", vous consentez à l'utilisation de TOUS les cookies. Cependant, vous pouvez visiter les paramètres des cookies pour fournir un consentement contrôlé. En savoir plusREJECTACCEPTERParamètres des cookies
Gérer le consentement

Aperçu de la protection de données personnelles

Ce site web utilise des cookies pour améliorer votre expérience lorsque vous naviguez sur le site. Parmi ces cookies, ceux qui sont catégorisés comme nécessaires sont stockés sur votre navigateur car ils sont essentiels pour le fonctionnement des fonctionnalités de base du site web. Nous utilisons également des cookies tiers qui nous aident à analyser et à comprendre comment vous utilisez ce site web. Ces cookies ne seront stockés dans votre navigateur qu'avec votre consentement. Vous avez également la possibilité de refuser ces cookies. Mais la désactivation de certains de ces cookies peut avoir un effet sur votre expérience de navigation.
Necessaire
Toujours activé
Les cookies nécessaires sont absolument indispensables au bon fonctionnement du site web. Cette catégorie ne comprend que les cookies qui assurent les fonctionnalités de base et les fonctions de sécurité du site web. Ces cookies ne stockent pas d’informations personnelles.
CookieDuréeDescription
cookielawinfo-checkbox-advertisement1 yearLe cookie est défini par le consentement aux cookies GDPR pour enregistrer le consentement de l'utilisateur pour les cookies de la catégorie "Publicité".
cookielawinfo-checkbox-analytics1 yearCe cookie est défini par le plugin WordPress GDPR Cookie Consent. Ce cookie est utilisé pour se souvenir du consentement de l'utilisateur pour les cookies de la catégorie "Analytique ".
cookielawinfo-checkbox-functional1 yearLe cookie est défini par le consentement aux cookies GDPR pour enregistrer le consentement de l'utilisateur pour les cookies de la catégorie "Fonctionnel".
cookielawinfo-checkbox-necessary11 monthsCe cookie est défini par le plugin de consentement aux cookies du GDPR. Il est utilisé pour stocker le consentement de l'utilisateur pour les cookies de la catégorie "Nécessaire".
cookielawinfo-checkbox-non-necessary11 monthsCe cookie est défini par le plugin de consentement aux cookies du GDPR. Il est utilisé pour stocker le consentement de l'utilisateur pour les cookies de la catégorie "Non Nécessaire".
cookielawinfo-checkbox-performance1 yearCe cookie est défini par le plugin de consentement aux cookies GDPR. Ce cookie est utilisé pour stocker le consentement de l'utilisateur pour les cookies de la catégorie "Performance".
viewed_cookie_policy11 monthsCe cookie est défini par le plugin GDPR Cookie Consent et est utilisé pour stocker si l'utilisateur a consenti ou non à l'utilisation de cookies. Il ne stocke pas de données personnelles.
Non necessaire
Tous les cookies qui ne sont pas particulièrement nécessaires au fonctionnement du site web et qui sont utilisés spécifiquement pour collecter les données personnelles de l’utilisateur par le biais d’analyses, de publicités et d’autres contenus intégrés sont appelés cookies non nécessaires. Il est obligatoire d’obtenir le consentement de l’utilisateur avant d’utiliser ces cookies sur votre site web.
CookieDuréeDescription
test_cookie11 monthsCe cookie est placé par doubleclick.net. L'objectif de ce cookie est de déterminer si le navigateur de l'utilisateur accepte les cookies.
Fonctionnel
Les cookies fonctionnels permettent d'exécuter certaines fonctionnalités comme le partage du contenu du site web sur des plateformes de médias sociaux, la collecte de commentaires et d'autres fonctionnalités de tiers.
CookieDuréeDescription
_GRECAPTCHA5 months 27 daysCe cookie est défini par Google. En plus de certains cookies standard de Google, reCAPTCHA définit un cookie nécessaire (_GRECAPTCHA) lorsqu'il est exécuté dans le but de fournir son analyse des risques.
pll_language11 months 29 days 23 hours 59 minutesCe cookie est défini par le plugin Polylang pour les sites Web alimentés par WordPress. Ce cookie stocke le code de langue de la dernière page consultée.
Publicitaires
Les cookies publicitaires sont utilisés pour fournir aux visiteurs des annonces et des campagnes de marketing pertinentes. Ces cookies suivent les visiteurs sur les sites web et collectent des informations pour fournir des annonces personnalisées.
CookieDuréeDescription
IDE1 years 23 days 23 hours 59 minutesUtilisé par Google DoubleClick et stocke des informations sur la façon dont l'utilisateur utilise le site web et toute autre publicité avant de visiter le site web. Ces informations sont utilisées pour présenter aux utilisateurs des annonces qui leur sont pertinentes en fonction du profil de l'utilisateur.
NID5 months 29 days 23 hours 59 minutesCe cookie est utilisé pour établir un profil basé sur les intérêts de l'utilisateur et afficher des publicités personnalisées pour les utilisateurs.
VISITOR_INFO1_LIVE5 months 26 days 23 hours 59 minutesCe cookie est placé par Youtube. Il est utilisé pour suivre les informations des vidéos YouTube intégrées sur un site web.
Performance
Les cookies de performance sont utilisés pour comprendre et analyser les indices de performance clés du site web, ce qui permet d'offrir une meilleure expérience utilisateur aux visiteurs.
CookieDuréeDescription
YSCsessionCe cookie est placé par Youtube et est utilisé pour suivre les vues des vidéos intégrées.
Analytiques
Les cookies analytiques sont utilisés pour comprendre comment les visiteurs interagissent avec le site web. Ces cookies permettent de fournir des informations sur les mesures du nombre de visiteurs, le taux de rebond, la source de trafic, etc.
CookieDuréeDescription
GPS29 minutesCe cookie est défini par Youtube et enregistre un ID unique pour le suivi des utilisateurs en fonction de leur emplacement géographique.
Enregistrer et accepter