Maksym an Enei

Och de Maksym an den Enei haate viru kuerzem d‘Geleeënheet bis an d‘Tierkei ze reesen wou och si eng Delfintherapie konnte maachen.

Zesumme mat hiren Elteren hunn dei zwee Bridder, déi a fréiem Alter mat Autismus diagnostizéiert goufen, 10 Deeg am Süden verbruecht.

Am Waasser mat den Delfinen an och donierft huet op si e ganz usprochsvolle Programm gewaart. Si goufen vun de verschiddene Therapeuten vum Dolphin Therapy Land exzellent betreit an hir Eltere ware frou hir zwee Kanner esou begeeschtert ze erliewen.

Am Numm vun der Famill sou wéi och vun eis soe mir jidderengem villmools Merci deen dëse Wonsch ënnerstëtzt huet.