Nadège

D‘Nadège ass un ALS erkrankt a säit enger gudder Zäit e grousse Fan vum Tennis an et dreemt ëmmer dovun säi Liiblingsspiller de Rafael Nadal ze treffen. Zesumme mat senger Schwëster hu mir eis iwwerluecht him eng Iwwerraschung ze organiséieren.

Sou hu mir hatt op Paräis entfouert wou mir mam Nadège de groussen Tennis Tournoi „Roland Garros“ kucke gaange sinn. Nodeems hatt bei engem Match vum Djokovic live op der Tribün sutz, hate mir eis dat Bescht fir de Schluss gehalen. Mir hunn d‘Nadège bis hannert d‘Kulissen entfouert wou hat op eemol säi Rafael Nadal getraff huet an aus dem Staunen net méi eraus komm ass!