Claude

De Claude ass säit ville Joren e grousse Manchester United Fan a versicht kee Match vu senger Equipe ze verpassen.

Virun e puer Deeg huet de Claude säi Gebuertsdag gefeiert an och wann mir hien bis elo nach net iwwerzeege konnten e Match op Manchester kucken ze goen, hu mir eis net entgoe gelooss hien mat engem klenge Cadeau vu Manchester ze iwwerraschen.

Dës Iwwerraschung war och méi wéi gelongen an de Claude huet sech immens iwwert säin neien Trikot, Polo an T-Shirt gefreet. Elo huet hien dat richtegt Outfit fir senger Equipe an Zukunft virun der Tele d‘Daumen ze drécken.

A wien weess vläicht packt hien et och emol an den Old Trafford.