Angelo

Den Angelo, 53 Joer al, hat e schwéieren Autosaccident am Juni 1974. Hien hat knapps de Führerschäin, wou d‘Schicksal zougeschloen huet. D‘Konsequenze vun dësem Moment: schlëmm Folgen an den Angelo ass un de Rollstull gefesselt.

Hien huet laang zu Bissen an der Chocolaterie geschafft a säit Oktober 2018 ass hien an der Pensioun.

D‘Associatioun Victimes de la Route woussten dass den Angelo gäre seng Famill op Turin iwwert de Weekend vun Ouschteren besiche geet an et säi grousse Wonsch ass de Match Juventus géint Fiorentina ze kucken.

Fir eis eng flott Geleeënheet anzesprangen an dem Angelo dëse Wonsch ze erfëllen.

No laange Wochen a ville Gespréicher mat Persounen déi eis kéinten hëllefen, hu mir bal missen opginn! Nëmmen an der allerleschter Minutt an dank dem groussen Engagement vum Edward Vermeer an dem Christina (Mataarbechterin vum Juventus) hunn den Angelo a seng Begleetpersoun zwee Tickete fir de Match kritt.

E grousse Merci un den Edy an d‘Christina, well ouni hier Hëllef wär de Wonsch net méiglech gewiescht.

Juventus konnt sech mat 2-1 géint d‘Fiorentina duerchsetzen a fir déi 8te Kéier hannereneen den italienesche Championnat gewannen. Eng immens grouss Freed!