David

Den David, 33 Joer al a Single, huet seng Aarbecht verluer wéinst schwéiere gesondheetleche Problemer (Operatioun mam Réck, epileptesch Krisen a schwéier Depressiounen). Hien huet eis méi wei eng Kéier kontaktéiert fir e Match vu senger Lieblingsfussballequipe dem FC Bayern München kucken ze goen.

Hien ass e grousse Fan, an dofir huet hie sech bei eiser éischter Renconter ganz am Outfit vum FC Bayern presentéiert an eis erzielt, dass hie kee Match op dem Fernseher verpasst.

Den Ouschterhues huet him du e flotte Cadeau bruecht: eng Rees op München an natierlech déi dozou passend Ticketen fir de Match vu senge Bayern géint Werder Bremen.