Vintagetreff 2023

Nodeems et 2020 aus bekannte Grënn näischt ginn ass mat der 3. Editioun vum Wonschstär Vintagetreff war et dëse Weekend endlech esou wäit.

De Samschdeg an de Sonndeg huet de Wonschstär op Remerschen an d’Caves du Sud vun der Vinsmoselle agelueden. Et war iwwer déi zwee Deeg e grousse Succès a vill Läit hunn entweder mat hirem Auto deel geholl oder si sech déi vill flott al Gefierer ukucke komm.

Mir kënnen mat dem Erléis vum ganze Weekend zukünfteg e weidere Wonsch erfëllen a wäerten deen wann et esou wäit ass op eise soziale Medien an op eisem Site www.wonschstaer.lu publizéieren.

Dofir soen mir jidderengem e grousse Merci deen de Wee bis op Remerschen fonnt huet, sierf dat als Visiteur oder als Propriétaire vun engem alen Auto. Dëst ze gesinn huet eis immens vill Freed bereed.

Dobäi wëlle mir natierlech och un déi Läit denken ouni déi esou en Event guer nët méiglech wär. Mir sinn enorm dankbar fir déi grouss Ennerstëtzung vun de ville Bénévolen, eise ville Sponsoren, den Betrieber asw. déi eis Tombola mat flotte Cadeauen erméiglecht hunn, der Vinsmoselle, den dräi Gemenge Munneref, Réimech a Schengen sou wéi eisen Iess- a Gedrénkspartner Ruppert, LëtzeBurger a Crêperie Chez Marco.

Awer e ganz besonnesche Merci geet un den Daniel, de Petz an de Patrick, déi vun Ufank un an iwwer Méint dësen Event organiséiert hunn a vill vun hirer Fräizäit geopfert hunn.

Mir freeën eis elo schonn op eng eventuell 4. Editioun vum Vintagetreff.

Tombola

Pizzeria um Moart

Bistrot italien

Musée A Possen

Moes Frères

Hotel Ecluse

Domaine la Forêt

Baggerweier a.s.b.l.

Imprimerie Schomer