Kick it for Wonschstär 16

Mir sinn houfreg Iech vun der zweeter Editioun vum Kick it for Wonschstär erzielen ze kënnen. Wéi d’lescht Joer konnte mir trotz schlechtem Wieder erëm op e komplett Startfeld mat 5 Dammen- a 24 Härenequippen zielen. Ronn 220 Sportler hunn de 25. Juni zu Bous bei Réimech vun 10 bis 18 Auer alles um Terrain a bei der Buvette ginn. Vollen Asaz a net nom Wieder gekuckt war d’Motto vum Dag, wouru sech d’Spiller esou wéi och d’Zuschauer an déi fläisseg Benevolle gehalen hunn.

Nodeems d’Bäll aacht Stonnen laang hin an hier geflu sinn, stoungen dann och d’Gewënner bei den Dammen an Häre fest. Duerchgesat hu sech Hakuna Matata bei den Dammen an den 1. FC Luuchtepotto bei den Hären. Alles an allem war de Kick it for Wonschstär erëm e flott Erliefnis an e groussen Erfolleg.

Leider hate mir net dat allerbeschte Wieder, mä mir haten trotzdeem eng wonnerbar Stëmmung an hunn eis alleguer super gutt ameséiert. Mir soe jidderengem villmools Merci, dee matgespillt huet, kucke komm ass a ganz besonnesch deenen, déi vu Moies bis Owes fläisseg gehollef hunn an domat dee flotten Dag erméiglecht hunn. E weidere Merci geet un eis Sponsoren: Café um Maart, Coiffure Figaro, Just Move Fitness & Institut de Beauté, Max & Moritz, Rawdish.

Mir freeën eis Iech d’nächst Joer erëm begréissen ze kënnen an hoffen, datt d’Wieder eis erëm bësse méi verwinnt wéi dës Kéier.