Hazem

Den 

Hazem ass ee jonken afghanschen Flüchtling deen 2021 mat sengem Papp an leschter Minut aus Kabul eraus komm ass.

Säi Papp war Laborant an huet fir MSF Frankreich an och fir déi franzeisch Ambassade geschafft. Den Hazem huet op der Uni zu Kabul Agronomie studéiert. 

Eemol zu Lëtzebuerg ukomm huet hien sech direkt hei um INL ageschriwen fir franséisch ze léieren an niewebäi huet hien och Bureautique’s Couren besicht. Glécklecherweis huet eisen Educatiounsministère och verschidden vun sengen Diplomer unerkannt.

Fir nët esou vill Zäit um Trajet tëschent Belval an Leck ze verléieren huet hien sech gewënscht de Führerschein ze machen.

Doropshin goufe mir kontaktéiert a gefrot ob mir him kéinten hëllefen säi Führerschäin ze finanzéieren. Dëst hu mir natirlech ganz gäre gemaach well mir fannen, dass dem Hazem säi virbildlecht Engagement dawärt ass ënnerstëtzt ze ginn.
Viru kuerzem huet hien och säi Führerschäin kritt an huet elo e bësse méi Autonomie gewonn. Niewt

 sengem Studium schafft den Hazem och 10 Stonnen fir den Benzin an d’Assurance kënnen ze bezuelen.

Zesumme mam Hazem soe mir jidderengem villmools Merci deen eis bei desem Wonsch gehollef huet.