Wëllkomm

Häerzlech wëllkomm bei der Fondatioun Wonschstär. Mir hunn eis zum Zil gesat, Mënschen ze hëllefen, deenen hiert alldeeglecht Liewen duerch Krankheeten, Accidenter oder Schicksalsschléi extrem belaascht ass. Eisem Grondgedanken no soll jiddereen d’Méiglechkeet hunn „seng Dreem ze verwierklechen“.

Leider sinn d’Viraussetzungen fir dëst universellt Recht net fir jidderee gläichermoossen erfëllt. Dofir probéiere mir déi Leit ze begleeden an ze ënnerstëtzen, déi – deelweis oder souguer scho ganz – de Glawen un hir eegen Ziler a Liewensdreem verluer hunn. Dofir, datt Dreem net nëmmen Dreem bleiwen, si schéin Erliefnesser an t’Perspektiv op eng besser Zukunft déi beschte Medezin fir neien Opdriff.

Eis Fondatioun wëll weisen, datt wann e wëll, een immens vill erreeche kann. Et soll een ni d’Hoffnung verléieren.

Wann Dir eis beim Erreeche vun eisen Ziler duerch e Benevolat ënnerstëtze wëllt, da kontaktéiert eis per E-mail. Wann Dir eis finanziell wëllt hëllefen, da kënnt dir dat duerch een Don op eise Bankkonto maachen.

Mir soen Iech villmools Merci a freeën eis op all Hëllef déi mir kréien.

Melvin

De Meris a säi klenge Brudder de Melvin hu schonn sou munches mat gemaach an hirem Liewen. Nodeems d’Kannerklinik eis ugeschriwwen an eis vum Melvin sengem ganz grousse Wonsch erzielt huet, ware mir eis schnell eenz fir him ze hëllefen. Säi Wonsch? Eemol e Cargolux...

Ajla Delphintherapie

Nom Lara a Morgane war et dunn och um Ajla fir mat senger Famill bis an d’Tierkei ze reesen. Fir si alleguer war dëst e ganz grousse Wonsch well esou eng Delfintherapie sech beim Ajla senger Krankheet als Plus value bewisen huet. Fir d’Ajla war dës Therapie eng...

Korsika

De Summer ass bekanntlech Vakanzenzäit an déi schéinste Period fir ze reesen. Dovu wollten och e ganze Grupp Kanner aus dem Kannerhaus Jonglënster profitéieren a sech op d‘Rees an de Süde maachen.  Vill Destinatiounen um Mëttelmier waren an der Verlousung an no...

Lara a Morgane

No hire leschten Delfintherapië waren d‘Lara, d‘Morgane an hir Elteren esou begeeschtert, dass si ons gefrot hunn ob mir hinnen eng weider Kéier hëllefe kënnen. Mir hunn eis no de Gespréicher mat den Elteren entscheet dës Wënsch ze erfëllen an doropshin hunn si sech...

Zayon Gravity Chair

Den Zayon mat deem mir rezent e klengen Ausflug an d’Disneyland gemaach hunn, huet eis nach emol em Hëllef gefrot. Des Kéier wollt hien awer keen Ausfluch maache mee seng Mamm huet eis gezielt wéi schwéier dem Zayon seng alldeeglech Betreiung ass a wéi e Gravity chair...

Wheelchairrugby 24

Firun gutt zwou Wochen ass et zu Contern an der Sportshal héich hir gaangen, de Rollstullrugby Tournoi stung erem um Programm. Iwwert de ganze Weekend ware 6 Ekippen voller engagéierte Sportler um Start. Oft si Rollstull aneneen geknuppt an heiansdo ass deen een oder...

Maxence

Eemol e Concert vu senger Liblingssängerin live gesinn an se duerno kuerz treffen, dëst ass a bléift fir vill Läit e grousse Wonsch. Fir de Maxence ass dee Wonsch viru kuerzem an Erfëllung gaangen! Duerch d’Hëllef vum Här Jean Müller war et eis méiglech dem Maxence e...

Romain

De Romain huet eng grouss Leidenschaft a sengem Liewen wei en eis erzielt huet. Trotz senger Behennerung geet hien immens gäre mat senger Madame op Wanderung. Bis elo waren duerch säin Handicap emmer nëmmen kleng Tier op hirer Agenda. Aanescht wéi seng Fra haat hien...

Lyo 2

Virun e puer Joer huet sech de Lyo nach gewënscht an de kalen Norden ze goen an elo huet hien eis gefrot fir him bei enger klenger Rees Richtung Süden ze hëllefen. Dës Rees war awer nët nëmmen en Ausflug an d’Sonn, mee wéi och schonn epuer aner Kanner, wollt hien emol...

Zayon Disney

Den Zayon ass e klenge Bouf vu 5 Joer dee vill ze fréi op d'Welt komm ass. Dës fréi Gebuert huet leider dozou gefouert, dass hien eng schwéier kierperlech Lämung zréck behalen huet. Doduerch kann hien net goen an och net schwätzen, mee e versteet awer villes. Et gëtt...

Ënnerstëtzt och dir eis!

Sidd och dir begeeschtert vun eise Projete fir gouss a kleng, gidd gären ee vun eisen Ënnerstëtzer a sidd esou en Deel vum grousse Ganzen, dann kënnt dir d’Fondatioun Wonschstär ganz gären mat engem Don finanziell ënnerstëtzen.

*Dir kënnt ären Don bei ärer nächster Steiererklärung ofsetzen.

Banque de Luxembourg

LU82 0080 3062 1330 2001

Bic/Swift: BLUXLULL

Villmools Merci

Kontakt

Wann Dir mat eis Kontakt wëllt ophuelen, da kënnt Dir eis uruffen oder hei schreiwen. Mir beäntweren Iech gär all är weider Froen. Sidd Dir eventuell interesséiert eis bei eisen Aktiounen oder Evenementer ze hëllefen, da kënnt Dir eis och einfach hei schreiwen. Mir sinn ëmmer bereet, mat anere Leit zesummen ze schaffen a freeën eis op Äre Message.

RGPD