Zayon Gravity Chair

Den Zayon mat deem mir rezent e klengen Ausflug an d’Disneyland gemaach hunn, huet eis nach emol em Hëllef gefrot.

Des Kéier wollt hien awer keen Ausfluch maache mee seng Mamm huet eis gezielt wéi schwéier dem Zayon seng alldeeglech Betreiung ass a wéi e Gravity chair hir Aarbecht erliichtere géif.

An der Vergaangenheet hu mir esou e Gravity chair scho méi oft Kanner geschenkt. Dës Sëtzméiglechkeet bitt de Kanner, déi duerch hir Behënnerung keng uerdentlech Sëtzpositioun anhuele kënnen, eng Chance sech adequat a gemittlech ze sëtzen ouni de Risiko sech wéi ze doen.

Mir hoffen, dass mir dem Zayon a senger Mamm mam Gravity chair eng richteg Ënnerstëtzung kënne bidden an hinnen den Alldag méi einfach konnte maachen.

E grousse Merci u jiddereen deen hinne mat engem Don dës Méiglechkeet ginn huet.