Zayon Disney

Den Zayon ass e klenge Bouf vu 5 Joer dee vill ze fréi op d’Welt komm ass. Dës fréi Gebuert huet leider dozou gefouert, dass hien eng schwéier kierperlech Lämung zréck behalen huet. Doduerch kann hien net goen an och net schwätzen, mee e versteet awer villes.

Et gëtt eppes wat eng ganz enorm Begeeschterung beim Zayon ausléisst an dat ass d’Mickey Mouse a seng Frënn. Do ass natierlech mat der Zäit de grousse Wonsch no engem Ausflug an d’Disneyland beim Zayon a senger Famill gewuess.

Natierlech hu mir net gezéckt an hunn d’ganz Famill zwee Deeg op Paräis geschéckt. Hinnen alleguer huet des Aventure immens gutt gefall an si konnten den Openthalt voll a ganz genéissen. Ganz besonnesch de Zayon hat vun Ufank bis zum Schluss e grousst Laachen am Gesiicht an huet sech tëschent Mickey a Kompanie sou richteg wuel gefillt.

E grousse merci geet wéi ëmmer un all eis Donateuren, déi eis erméiglechen enger Famill e Wonsch ze erfëllen, vun deem si schonn eng laang Zäit dreemen.