Wheelchairrugby 24

Firun gutt zwou Wochen ass et zu Contern an der Sportshal héich hir gaangen, de Rollstullrugby Tournoi stung erem um Programm.

Iwwert de ganze Weekend ware 6 Ekippen voller engagéierte Sportler um Start. Oft si Rollstull aneneen geknuppt an heiansdo ass deen een oder aneren dobäi mat sengem Rollstull emgekippt, mee trotzdem ass weider gekämpft ginn. Si alleguer hu sech iwwer déi zwee Deeg näischt geschenkt a jiddereen huet versicht sech um Enn d’Kroun opzesetzen.

Mir sinn als Wonschstär immens houfreg dësen Tournoi ze ënnerstëtzen a freeën eis schonn op d’nächst Joer wann den Tournoi seng 10. Editioun feiert.

Bis dohin soe mir all eisen Donateuren villmools Merci fir hir Ënnerstëtzung.